background background

Réiserbann

„déi gréng“ zum neie Schoulcampus Bierchem (Gemengerot 23/04/18)

Den neie Schoulcampus zu Bierchem gett, laut Buergermeeschter, mat ronn 29Mio €, dee gréisste Bauprojet, deen et jee an onser Gemeng gouf! Als gréng hu mir dogéint gestëmmt.

De Schäfferot rechent mat engem groussen Zouwuess u Schoulkanner, an déi aktuell Strukture sinn net méi optimal a platzen aus allen Néit. Doduerch, dass d‘Grondschoul, d‘Maison Relais an d‘Éducation différenciée zesummen an engem Gebai ënnerbruecht ginn, kennen zukünfteg verschidden Infrastrukture gemeinsam genotzt ginn, an d’Inclusioun vu Kanner mat Behënnerung wär méiglech. Déi geplangte Bauweis wär och nohalteg an ökologesch, mee dat ass fr ons selbstverständlech. Och wann de Staat subventionnéiert, sinn de Baupräis (29Mio.) an den Entretien (1Mio/Joer) ganz héich.déi gréng Réiserbann hunn allerdéngs nach aner Bedenken a Froen:

  1. Keng Biergerbedeelegung: Firwat gëtt d‘Bevölkerung bei esou grousse Gemengeprojeten net systematesch agebonnen? Eng einfach Informatiounsversammlung ass an onsen Aen keng wierklech Biergerbedeelegung! Mir wëllen eng extra “berodend Kommissioun” zum Thema fr all interesséiert Bierger.
  2. Keen Architekteconcours: Dass fir esou ee wichtege Projet keen Architekteconcours ausgeschriwwe gouf, ass eng Katastroph. Domadder hätt ee kéinten ënnert e pur Architekturvariante déi Bescht eraus sichen, am Platz wéi elo, sech mam 1scht beschte Projet zefridden ze ginn. Ons Alternativ: en Architekteconcours mat ëffentlechen Debaten, wou d‘Architektenpläng an d‘Qualitéit vun de verschiddene Projete verglach gi wären.
  3. Zweifel um Site: Ass d‘Implantatioun um Site optimal? Ass et net ze no bei den Haiser? Och do géif et aner Méiglechkeete ginn.
  4. Zweifel um Entworf: Kann d‘Gebai als solches, am Platz vu senger komplizéierter Form mat all deenen Äerm, net eng aner Form hunn? Am Moment ass d‘Form net energetesch, well d‘Fassadenfäch grouss ass!
  5. Architekturspychologie ignoréiert: Aktuell Erkenntnisser weisen, datt d‘Esthetik vu Schoulgebaier (bannen a baussen) massgebend Afoss ob d‘Woulbefannen an d‘Handelunge vun de Kanner an dem Léierpersonal huet. Eng Architektur déi vu Kanner als uspriechend agestuuft gëtt, weist vill faarweg a fantasievoll Elementer, grouss Fënsteren, „waarm“ Baumaterialien ewéi z.B. Holzfassadenelementer a vill Begréngtes ob. Dëst sinn Architekturelementer déi bei de Fassadë vum aktuelle Projet feelen.