background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 15. Dezember 2022

Dës Sitzung hat 3 grouss Schwéierpunkter, den Avis zum Projet de Programme directeur de l’aménagement du territoire (PDAT 2023) an de vote vum Budget rectifié 2022 a vum Budget prévisionnel 2023.

Landesplanung / PDAT 2023:

De PDAT ass e Strategiekonzept vum Landesplanungs-Minister Claude Turmes, dat déi grouss Leitlinne zur Landesplanung aktualiséiert an zesummefaasst, déi sech souwuel op de Staat wéi och op d’Gemengen sollen applizéieren (z.B. bei der Ausaarbechtung vum PAG). De PDAT 2023 ass doriwwer eraus awer och eng wichteg Orientatiounshëllef fir privat Akteuere, fir ze gesinn wéi Lëtzebuerg sech mëttel a laangfristeg entwéckele soll. E proposéiert eng Rumm fir eis begrenzte Lëtzebuerger Fläch an eis begrenzte Ressourcen méiglechst clever ze notzen, a fir och den zukünftege Generatioune nach méiglechst optimal Liewenskonditiounen kënnen ze bidden.

Vu Mëtt September bis Mëtt Januar konnt elo all Gemeng, mee och ONGë wéi de Mouvement écologique, den aktuallen PDAT Entworf aviséieren. Op där Basis wäert de Ministère d’Strategie dann iwwerschafen. Och wann de PDAT eng immens komplex Matière ass, ass se gutt a wichteg. Dofir fanne mir et och wichteg, datt eis Gemeng en Avis oofgett. Allerdengs stinn am proposéierten Avis och eenzel Punkten a Kritiken déi an eisen Aen net ganz korrekt sinn, an dowéinst hu mir ons enthaalen.

Budget rectifié 2022 & Budget 2023 :

Mir waren dëst Joer net mam Budget d’accord an hunn dogéint gestëmmt.
Dank de klammende Recette vu Gewerbesteier a Staat, ass d’Situatioun vun de Réiser Finanzen (nach) net dramatesch. D’Méikäschten vun der Kris kritt d’Gemeng allerdengs däitlech ze spiere, a weider Auswierkunge kommen 2023 an och 2024 nach no. Am Budget 2023 ass dofir dee gréisste Scholdepret zanter ganz langem virgesinn. Wéinst de gudde Recetten ass d’Scholdelag momentan ok, mee sollt d’Konjunktur abriechen, kéint sech d’Bild séier änneren. De Buergermeeschter soot och dat déi nächst Majoritéit wuel méi kleng Bréidercher baken misst. Des Majoritéit huet vill a grouss Projeten aus Steng a Beton investéiert. Déi nächst Majoritéit wäert et, wat d’Sue betrëfft, méi schwéier kréien.

Mir begréissen d’Moossnamen ëffentlech Gebaier a Stand ze halen an datt dobäi ökologesch, nohalteg Aspekter respektéiert ginn! Et ass awer bedauerlech, datt de Schoulcampus Béiweng/Bierchem iwwer 30% méi deier gëtt. Mir stelle fest, datt d’Gemeng vill an de soziale Wunnengsbau investéiert. Esou kréie manner bemëttelt Stéit zwar ënnert d Äerm gegraff mee dat geet oft net duer, si brauchen och sozial Ënnerstëtzung z.B. bei der Kannerbetreiung. De Précoce zum Beispill funktionéiert net optimal. Klasse mat 20 Kanner sinn ze grouss, d’Kanner vum Precoce
dierfen net mam Bus matfueren, an anere Gemenge geet dat. Dodurch gewinnen sech d’Kanner an d’Elteren drun mam Auto an d’Schoul ze fuhren. D’Précoce Kanner dierfen net an d Maison relais, dat ass sozial ongerecht, si hätten doduerch och d’Méiglechkeet fréi Lëtzebuergesch ze léieren.

Et war déi 1. Kéier dat de Buergermeeschter a sénger Budgetsried ganz kloer an ausdrécklech iwwert Energie a Klimawandel geschwat huet. Mir als gréng Partei sinn iwwerzeegt, datt et fir d’Ëmwelt, de Klima an eng liewenswäert Zukunft absolut erfuerderlech ass, Energie ze spueren, ob erneierbar Energien ze setzen an eis Mobilitéit ze änneren. Dofir si mir och onzefridde mat der Visioun, der Prioritéitesetzung an der Geschwënnegkeet mat där d’Majoritéit Emwelt- a Klimaschutzzieler ugeet.
„Ze spéit, ze wéineg, ze lues an net kohärent genuch“, beschreiwt fir eis Greng am graffe Resumé de bishärege Bilan vun desem Schäfferot am Emwelt-, Klima an Energieberäich. Och bei de Vëlospisten ass kee zesummenhängent Konzept erkennbar. Et sinn isoléiert Moossnamen, wou en plus d’Poussetten, d’Hënn, d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer sech d’Platz mussen deelen, oder de Vëlo an den Auto. D’Uschlëss innerorts, tëschent den Uertschaften, a mat den Nopeschgemenge sinn nach net gutt.

Et gouf sécherlech net näischt geschafft; et gouf effektiv iwwerall bessen gemaach, mee et feelt eis hei un enger klorer Line an un der neideger Prioritéit. A wéi schon dei läscht Joere gesot, läit dat secherlech net just u politeschen Differenzen, mee och zu engem groussen Deel u feelendem Know-How a feelende Ressourcen um Nivo vum Personal. Mir freeën eis dofir besonnesch, datt fir 2023 endlech déi vun eis laang gefroote Verstärkung vum Emweltservice virgesinn ass. Do stellt sech just d’Fro: Firwat réischt elo, kurz viru Schluss, beim 6. a läschte Budgetsentworf vun desem Mandat ?

E grousse Merci dem Buergermeeschter fir d’Erklärungen, d’Hären Inglebert a Thiry an all de Beamten fir d’obzestellen. Mir wënschen all Réiserbänner*Innen e schéint, friddlecht a gesond Joer 2023!

E Resumé vun onsen mëndleche Froen (+ Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport (https://www.roeser.lu) , an am originale Wuertlaut am Gemengerots-Video vum 15.12: https://video.roeser.lu