background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 25. September 2023

Ob folgend wichteg Punkte vun der Dagesuerdnung gi mir Iech zousätzlich Erklärungen:

Pacte climat 2.0: Zousätzlech zum Naturpakt, deen d’Partnerschaft tëscht Staat a Gemengen a Saache Naturschutz stäerken soll, dréit de Klimapakt 2.0 zur Ëmsetzung vum nationalen Energie- a Klimaplang bäi. Haut hu mir Indikateure gestëmmt, déi et erméijeleche wärten, no 6 Joer, d’Efforte vun den entspriechenden Moosnahmen déi d‘Majoritéit emgesaat krut, ze mossen. Fir déi nohalteg Entwëcklung vun onsem Planéit also e ganz entscheedenden Eckpunkt! Mir stelle Folgendes fest:

  • Den Indikator fir d’Hëtzt vu Gemengegebaier aus erneierbare Quelle bis 2030 ze hiewen ass just 1% (Ist-Zustand 79,6%, Soll-Zustand 2030 80%) Hei hätten déi gréng méi grouss Ambitioune gehaat an hätten 85% uwiséiert. Mir bedaueren, datt dat neit Tennisgebai zu Krauthem net un déi kommunal Pelletsanlag ugeschloss gouf. Fir zukünfteg Projeten misst een do besser plangen!
  • Den Indikator fir den Zouwues vun Solaranlagen hiewt de Schäfferot vun 2,15% (Ist-Zoustand) ob 30,4% (Soll-Zoustand 2030). Den dramateschen IST-Zoustand bestätegt ons Kritik aus dem Wahlkampf. Well vill Zait déi lescht Joren verplemmert gouff, ass hei esouvill Loft no uewen a mir hoffen dat den Dach vun der Sportshaal zu Krautem endlech genotzt gett fir méi Solaranlagen ze installéieren.
  • Beim Emrüste vum Gemengefuhrpark ob elektresche Betrieb ass och just 1%  Verbesserung a 6 Joer uwiséiert. D’Technik an dësem Beraich evoluéiert schnell, an an Zukunft wäerten och schwéier Gefierer mat elektreschen Untrieb standard sinn, mee dann dierf een natierlech och net u laang Leasing Kontrakter gebonne sinn, soss kann een sein Fuhrpark net schnell emrüsten!
  • 10 Biergerberodungen pro 1000 Réiserbänner fannen mir net genuch! Hei kéint een roueg bis ob 50 Beroodungen erob schrauwen!
  • Mir bedaueren, dat et net méigelech ass e Suivi vun de Resultater vum Klimapakt ze maachen, well keng Wärte vum Startpunkt virleien! Réiser ass dem Klimapakt am Mee 2021 baigetrueden a mir leien am Rancing vun all de lezebuerger Gemengen ganz hannen. Emmerhinn hellt sech de Schäfferot fir, sech iwwer 5 Joer, all Joer 5% ze verbesseren! Domat striewt ons Gemeng  eng Klima-Gold-Zertifikatioun  vun 75% un, déi ons Nopeschgemengen Beetebuerg an Diddeleng schon laang erreecht hunn!

Zum Wuel vun der Natur an der Zukunft vun onse Kanner hoffen mir, dat de Schäfferot all dës Mesuren gewëssenhaft an net hallefhäerzeg ëmsetzt, an déi gestëmmten Indikatoren net nëmmen erreecht, mee esouguer iwwerschratt ginn. Och dir kënnt mathëllefen, informéiert Iech beim Emweltberoder vun der Gemeng a profitéiert nach vun den Supvensiounen vum Emweltministère fir Privat-Solaranlagen.

Mise en conformité des passages pour piétons et arrêts bus: Uechter ons Uertschaften ass et ob ville Platze batter néideg d’Trottoiren an d’Busarrête konform a sécher ze maachen. déi gréng hunn a ville Gemengerotssëtzungen ob esou Situatiounen aus der Gemeng hi gewisen. Dat hei ass d’Phase 2. Mir brauchen eng 3 a 4 Phase, well et nach ëmmer vill geféierlech Platzen an der Gemeng ginn. Virun allem bleiwen d’Uertschaftssagäng immens geféierlech!

D’Rentrée scolaire gouf bei der „Communication du collège échevinal“ a bei de mëndleche Froe vun den eenzelen Gemengeréit diskutéiert. Déi grouss Neierungen dëst Joer sinn d‘Ouverture vum Schoulcampus zu Béiweng /Bierchem an dat et net méi méiglech ass zu Krautem d’Kanner mam Auto an d’Schoul ze bréngen. Mir ënnerstëtzen, dat d’Kanner mam Bus, Pedibus, Vëlo oder zu Fouss an d’Schoul kommen a begréissen all Demarche an dës Richtung, zemools domat och eng grouss Verkéiersberouegung verbonnen ass. Fir d’Eltere wär et allerdéngs gutt gewiescht, wann d’Informationspoltik besser funktionéiert hätt. Et hätt een den Eltere scho kéinten am August Bescheed soen, do wou d’Umeldunge fir de Pedibus waren.

Zum Schoulcampus Béiweng/Bierchem ass ons virun allem, d‘Situatioun Mëtt September an der rue du chemin de fer opgefall. Hei deelen sech zu Stousszäiten déi verschidde Pedibusse a  Vëloe e schmuelen Trottoir an du war do och d’Beschëlderung nach falsch. Mir gesinn d’rue du chemin de fer als Spillstrooss wou d’Kanner an hier Begleedungen sech Stroos deelen an de motoriséierte Verkéier (Awunner ausgeschloss) ob Wendehammeren an der Kräizhiel an an der rue de la gare ëmgedréit ginn. Ons feelt e generellt Verkéierskonzept fir déi ganz Gemeng!

Soss hu mir an dëser Gemengerotssëtzung nach Personalfroen déi natierlech hannert zouenen Dieren beschwart goufen, Budgetkorrekturen an e ganze Koup notarielle Akten gehaat. Heibai handelt et sech em kleng Parzellen an der Krauthemer Cité, déi fir 50 Euro kaaf oder un Privatpropriétaire verkaaf goufen, nodeems e Geometer d‘Trottoire an déi effentlech Gréngfläche vermoos huet. Hei hunn déi gréng alles matgestëmmt, well et Zait gett datt d’Terrainverhätlnisser regulariséirt ginn. Weiderhinn sinn déi nei Memberen fir d’berodend Gemengekommissiounen an en Délégué fir den CGDIS, den SYVICOL an den Office social nominéiert ginn.

De Resumé vun onse mëndleche Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung