background background

Réiserbann

Gréng Stellungnam zum Gemengerot vum 06. Oktober 2023

Zu folgende Punkte vun der Dagesuerdnung gi mir Iech zousätzlech Erklärungen:

Rapport annuel pacte climat & nature: Dem Gemengerot gouf en ausféierleche Bilan iwwert den aktuelle Stand vum Pakt Klima a vum Naturpakt presentéiert. D’Majoritéit huet erkläert mat wéi enge Moossnamen si Verbesserungen an den eenzelen Beräicher erreeche wëlle. Merci fir d’Transparenz an dësem Dossier, et hëlleft der Oppositioun sech e bessert Bild iwwert den Zoustand vun der Gemeng am Beräich Klima- an Naturschutz ze maachen. Virun allem am Naturpakt gëtt den Impakt vun de geplangte Mesuren elo quantifizéierbar. Do dogéint ass de Klimapakt mat senge Sensibiliséierungsprojete manner konkret. Insgesamt goufe Moossname virgestallt déi kloer an direkt ëmsetzbar sinn, aner Saache sinn éischter vage ausformuléiert a bleiwen abstrakt fir ons. Als gréng hu mir d’Naturschutzthemen am Fokus, fir ons kann d’Bedeitung déi de Schäfferot dem Erhalt vun der Natur, den Aarten an de Liewensraim baimoosst, net grouss genuch sinn! De Klimawandel an de Biodiversitéitsverloscht hätte schonn an der leschter Mandatsperiod prioritär vun der Majoritéit behandelt misse ginn!

Compromis relatif à l’aquisition d’un local commercial à Berchem. D’Gemeng keeft e Geschäftslokal vis-à-vis vum Schoulkomplex zu Bierchem. De Schäfferot huet nach kee konkrete Projet fir dës Lokalitéit ausser dat se fir d’utilité publique ass. D’Iddi vum Commerce de proximité hunn déi gréng schonn ëmmer am Programm a mir kënnen ons dat ob dëser Platz gutt virstellen. Dëst Lokal misst fir e moderate Loyer verlount ginn, fir dat e Commerce Fouss faasse kann. Mir hunn dëse Projet matgestëmmt.

Certification des forèts communales d’après le label PEFC. Bei dësem Label geet et em d’Zertifikatioun dat d’Holzproduktioun aus de Gemengebëscher am Respekt vum Naturschutz bewirtschaft gëtt. Dëst hëlleft Betriber déi ons Hëlzer fir eng Weiderveraarbechtung notzen hier Liwwerketten ze zertifiéieren. Mir hunn dëse Punkt matgestëmmt.

Plan de gestion annuel pour la forêt communale de roeser- Exercice 2024. Wéi all Joer, huet de Fieschter och dëst Joer anschaulech ausféierlech erkläert wat fir Käschten dëst Joer ugefall sinn a wéi eng Ausgaben an Aarbechten an onse Bëscher nächst Joer ustinn. De Fieschter huet dem Gemengerot un Hand vu Bëschfotoen aus der Vogelperspektive déi direkt Folge vun der Klimaerwiermung an den Dréchenten duerch de Klimawandel gewisen. Et ass erschreckend wéi vill al awer och jonk Beem an de leschte Joren ofgestuerwe sinn (quasi 12%). Doduerch klemmt dann och d’Temperatur an de Biedem vun de Bëscher, fir deem entgéint ze steiere gi Waassergrief virgesinn. Als gréng hu mir de Fieschter och ob den héije Wëldbestand an deem domat verbonnene Schued un nowuessend Beem ugeschwat. Genau ewéi ons, ass him och d’Déierewuel ganz wichteg. De Mënsch huet esou staark an d’Natur agegraff, dat si sech selwer net méi reguléiere kann. Mir fannen dat wa Wëld scho muss gejot ginn, da wéinstens ënnert ugepasste Konditiounen an ënnert Regie vun der ëffentlecher Hand geschitt.  Mir soen dem Fieschter a senger Equipe Merci fir hir wäertvoll an engagéiert Aarbecht.

Aménagement d’un parking provisoire sur le site du campus scolaire à Berchem. Hei  geet et em en Terrain mat Hecken a Beem ob dee 70 Parkplaze fir d’Personal vum Schoulcampus gebaut solle ginn. Obwuel de Buergermeeschter seet, dat dëst am Masterplang virgesinn ass, si mir als gréng dogéint, dat erëm esouvill naturbeloossenen Terrain verschwënnt! An dësem Quartier ginn et ze vill “Parkplazwüsten”! Um Parking vum grousse Wunnkomplex vis-à-vis vum Parking vun der Gare beispillsweis stinn duerchschnëttlech nëmmen 2 bis 3 Autoen! De Parking fir d’Schoul wäert nëmmen zu Betribszäite genotzt ginn an déi aner Zäit eidel sinn. Ze bedenken ass, datt de Campus exzellent un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass an dat och nach eng Déifgarage ënnert der Sportshal gebaut gëtt. Ass dat net e bësse vill Platz fir Autoen? Mir hu vehement dogéint gestëmmt.

Règlement relatif à la promotion de l’utilisation rationnelle de l’énergie et la mise en valeur des énergies renouvelables. Et goufen e puer sënnvoll Upassungen ofgestëmmt betreffend d’ Reglement fir d’Subside fir Installatioune fir erneierbar Energien an/un de Privathaiser. Dat hu mir matgestëmmt.

Soss hate mir an dëser Gemengerotssëtzung nach e ganze Koup Budgetskorrekturen, Decompte vu Bauaarbechten, provisoresch Verkéiersreglementer, Personalfroen a d‘Vergi vun Éiere Titel fir Gemengefonctionnaire, fréier gewielte Persounen an Éierebierger um Ordre de jour.

De Resumé vun onse mëndleche Froen (an den Äntwerten) fannt Dir am Sëtzungsrapport op de Säite virdrun, oder och am originale Wuertlaut am Video vun der Gemengerotssitzung