background background

Réiserbann

Ane Marcussen Erézué

  • 54 Joër, Réiser
  • Beruff : Onofhängeg Autorin an Illustratrice
  • Famill : 1 Kand

Meng Passiounen an Interesse:

Vun dänescher Origine, sinn ech op enger Insel am balteschen Mier grouss gi, wou ech meng Passioun fir d‘Natur an d‘Ëmwelt entwéckelt hunn. No menge Studien zu Kopenhagen sinn ech op Lëtzebuerg schaffen gaangen, hunn hei mäin Mann kennegeléiert, an och vill Frëndlechkeet, géigesäiteg Hëllef an ee flotte mënschlechen Multikulti erlieft. Zenter 2004 hunn ech mech zu Réiser niddergelooss wou ech mech wëllkomm an integréiert fillen, an wou och selwer zum Wuel an zur Liewensqualitéit vun de Réiserbänner Awunner well bäidroen. No bal 15 Joer als Professesch fir Franséisch an Theater an enger internationaler Schoul, hunn ech mech als Autorin an Illustratrice selbstänneg gemaach, an versichen souvill ewéi méiglech iwwert d'Natur ze schreiwen, a meng Léift fir Natur an mäin Alldag ze bréngen. Ech si vun der Grënnung un am Gemengen-Aarbechtsgrupp fir d‘douce Mobilitéit aktiv, a freeë mech elo éischt Friichte vun vun dëser Aarbecht an den Stroossen vun der Gemeng ze gesinn.

Ech wëll eng Gemeng déi:

Déi d’Prioritéit op d'douce Mobilitéit an d'Verkéierssécherheet setzt. Ech wëll eng Gemeng wou d’Awunner, a virun allem d’Kanner sech an aller Sécherheet ze Fouss oder mam Vëlo vun Duerf zu Duerf deplacéieren kënnen. Ech géif och gäre bei der Schafung vun enger Solidarëscher Epicerie mat Treffpunkt a Bistro Fonktioun hëllefen, déi idealerweis lokal Produite verkeeft a kulturell, intergenerationnell a sozial Initiativen ënnerstëtzt. Esou een Tiers-lieu kéint d'Deplacementer innerhalb vun der Gemeng reduzéieren, d‘Landwirtschaft an déi lokal Betriber ënnerstëtzen an e liewege Echange tëscht den Awunner vun der Gemeng fërderen.